Pafemillen
Pafemillen | |
---|---|
Aussprooch | |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Klierf |
Gemeng |
Wëntger Ëlwen |
Buergermeeschter |
Édouard Mertens |
Awunner | 5 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
50° 06’ 29’’ N 06° 00’ 25’’ O |
D'Pafemillen ass e Lieu-dit an de Gemengen Ëlwen a Wëntger a besteet aus dem Klouschter vun den Häerz-Jesu Pateren an dem Chalet Léon Dehon direkt niewendrun. Déi Gebaier stinn all um Territoire vun der Gemeng Wëntger laanscht d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Ëlwen.
D'Klouschter
D'Klouschter ass am Joer 1903 vun däitschen Häerz-Jesu-Patere gebaut ginn, an huet esou zu der däitscher Uerdensprovënz gehéiert.
Géint d'Enn an nom Zweete Weltkrich war d'Klouschter eng Zäit e Spidol fir amerikanesch Zaldoten.
Duerno huet déi belsch-lëtzebuergesch Uerdensprovënz vun de Pateren d'Klouschter iwwerholl. Haut gi Retraiten do gehalen. Et sinn och vill Studenten, déi d'Rou vum Klouschter benotzen, an do fir hir Exame léieren.
D'Pafemillen am Zweete Weltkrich
Am Juli 1941 bestëmmt d'Gestapo, fir am opgeléiste Klouschter, dat entleeën an direkt bei enger Eisebunnslinn läit, e jiddescht "Altersheim" anzeriichten, a Wierklechkeet sollen d'Gebailechkeeten awer als Zwëschestatioun fir de Weidertransport a sougenannt Vernichtungslager déngen. Do goufen esou eng 300 al a krank jiddesch Leit konzentréiert.
De 16. Oktober 1941 ass deen éischten Transport an de Ghetto vu Litzmanstadt. Am Abrëll 1942, am Juli 1943 an am Abrëll 1943 gëtt et weider Transporter vun der Pafemillen a Richtung Belsen, Sobibor, Majdanek an Theresienstadt.
Vum leschten Transport, am Juni 1943 mat 11 Persounen kënnt een Deel op Theresienstadt, en anere mat kranke Leit aus der Santé vun Ettelbréck, direkt op Auschwitz. Zwee vun deenen hunn iwwerlieft.
D'Monument
- Am Juli 1969 gouf e Monument ageweit, dat vum Lucien Wercollier entworf gi war, an dat un déi vun do verschleefte Judde sollt erënneren. Dragrawéiert sinn déi hebräesch Buschtawen (vun uewen no ënnen): taw (ת), nun (נ), sade (צ), beth (ב) an he (ה). Se sti fir d'Ufanksbuschtawe vun de Wierder vun engem hebräesche Saz, deen op Lëtzebuergesch heescht "Seng Séil soll verbonne si mat dem Bond vum éiwege Liewen".
- Den 3. Juli 2005 war beim Monument eng Erënnerungsfeier un d'Shoah zu Lëtzebuerg mat Aweiung vun engem Informatiounspanneau. Dorop ass ze liesen: 1940-1945. Pour avoir été Juifs, 700 hommes et femmes furent déportés d'ici au champ d'extermination d'Auschwitz par l'occupant nazi. Seuls quelques-uns en revinrent. Que ce martyre reste gravé dans vos mémoires et vous inspire la fraternité et la paix.
- Déi fënnef Bléck aus rosaem Granit, sollen e gekrëmmte Mënsch duerstellen. Se kommen aus der Carrière vum fréiere KZ Natzweiler-Struthof am Elsass.
Kuckt och
- Häerz-Jesu Pateren
- Kléischter zu Lëtzebuerg
- Holocaust zu Lëtzebuerg
- Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
- Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
- Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
- Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
- Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
- Am noen Ausland:
- Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf
Schabloun:Kuckt och Lëschten Lëtzebuerg
Literatur
- Schulz, Jürgen Michael, 2008. Fünfbrunnen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 203-208. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1