Monument aux morts Capellen
Monument aux morts zu Kapellen. Riets d'Paschtoueschhaus. | |
Typ | Krichsmonument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Mamer |
Plaz | Capellen |
Koordinaten | 49°38'42,7"N, 5°59'18,6"O |
Ageweit | 1953 |
Material | Steen |
Kënschtler | Lucien Wercollier |
Architekt | Roger Wercollier |
D'Monument aux morts zu Capellen ass e Monument zu Éiere vun den Affer aus dem Zweete Weltkrich. Et steet laanscht d'Areler Stroos bei der Kierch.
D'Monument gouf 1953 ageweit.
Architekt vum Monument war de Roger Wercollier. Säi Brudder, de Lucien Wercollier, huet de Relief sculptéiert. D'Monument gouf vun der Entreprise Olinger opgeriicht[1].
D'Monument
[änneren | Quelltext änneren]Et besteet aus enger Mauer aus Hasteng, an déi e Steeblock mat engem Relief agebaut ass. Op béide Säite féiert jee eng Trap erop. Hanner dem Monument stinn eng Bichenheck an zwéin Zigarebeem (Catalpa sp.).
De Relief besteet aus zwou Fraen déi traueren, woubäi déi eng hire Kapp op där anerer hir Schëller leet. Béid halen e Lorberkranz an der Hand.
Dëse Relief vun 1953 ass eng vun deene leschte stiliséiert-figurative Skulpturen déi de Lucien Wercollier geschaaft huet, ier hie ganz zur abstrakter Skulptur iwwergaangen ass.
Owes ass d'Monument beliicht.
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
DMonument laanscht d'Arelerstroos. Lénks uewen: de Kierchtuerm.
-
De Stee mam Relief.
-
D'Nimm vum Architekt, dem Sculpteur an dem Entreprener riets ënnen um Stee mam Relief
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Artikele mat anere Skulpture vum Lucien Wercollier: kuckt Lucien Wercollier.
- Nationaalt Streikmonument zu Wolz: eng aner Zesummenaarbecht vum Roger a Lucien Wercollier.
- Réimeschen Zillenuewen op der anerer Säit vun der Areler Strooss: kuckt Capellen.
- Muséeën am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
- Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
- Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
- Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
- Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
- Am noen Ausland:
- Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Monument aux morts Capellen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Riets ënner dem Relief ass dat heiten agravéiert: Arch R WERCOLLIER - Sculpt L WERCOLLIER - Constr E (oder F) OLINGER