Op den Inhalt sprangen

Pafemillen

Vu Wikipedia
Pafemillen
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Ëlwen
Buergermeeschter

Lucien Meyers (CSV)


Édouard Mertens
Awunner 5
  1. Januar 2023
Koordinaten 50° 06’ 29’’ N
      06° 00’ 25’’ O
Erënnerungsplack op der Pafemillen
Chalet Léon Dehon, Dortoiren a Refectoir
D'Klouschter vun hanne gesinn

D'Pafemillen ass e Lieu-dit an de Gemengen Ëlwen a Wëntger a besteet aus dem Klouschter vun den Häerz-Jesu Pateren an dem Chalet Léon Dehon direkt niewendrun. Déi Gebaier stinn all um Territoire vun der Gemeng Wëntger laanscht d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Ëlwen.

D'Millen

Den Numm geet zeréck op eng Millen.

Schabloun:MéiInfo

D'Klouschter

D'Klouschter ass am Joer 1903 vun däitschen Häerz-Jesu-Patere gebaut ginn, an huet esou zu der däitscher Uerdensprovënz gehéiert.

Géint d'Enn an nom Zweete Weltkrich war d'Klouschter eng Zäit e Spidol fir amerikanesch Zaldoten.

Duerno huet déi belsch-lëtzebuergesch Uerdensprovënz vun de Pateren d'Klouschter iwwerholl. Haut gi Retraiten do gehalen. Et sinn och vill Studenten, déi d'Rou vum Klouschter benotzen, an do fir hir Exame léieren.

"Jüdisches Altersheim Fünfbrunnen"

De 4. März 1941 gouf de Klouschter vum Okkupant opgeléist. D'Pateren an d'Novizen, an der Majoritéit Däitscher, ginn heemgeschéckt. Et bloufe just eng kuerz Zäit acht Bridder do, déi dunn eleng déi ufalend Aarbechten am Klouschter an um ugeschlossene Baurewiesen hu misse maachen. Zu gläicher Zäit gëtt e "kommisaresche Verwalter" agesat, e gewësse Bantz vun Dikrech, deen allgemeng als Nazi bekannt war.

Am Juli 1941 bestëmmt d'Gestapo, fir am opgeléiste Klouschter, dat entleeën, ma awer direkt un der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg - Ëlwen läit, e jiddescht "Altersheem" anzeriichten. A Wierklechkeet sollen d'Gebailechkeeten awer als Zwëschestatioun fir de Weidertransport a sougenannt Vernichtungslager déngen. Vum 11. August 1941 u goufe esou an deem Internéierungslager eng 300 jiddesch Persoune konzentréiert, net nëmmen al a krank Leit, mä och Kanner.

De 16. Oktober 1941 ass deen éischten Transport an de Ghetto vu Litzmanstadt. Am Abrëll 1942, am Juli 1943 an am Abrëll 1943 gëtt et weider Transporter vun der Pafemillen a Richtung Belsen, Sobibor, Majdanek an Theresienstadt.

Vum leschten Transport, am Juni 1943 mat 11 Persounen kënnt een Deel op Theresienstadt, en anere mat kranke Leit aus der Santé vun Ettelbréck, direkt op Auschwitz. Zwee vun deenen hunn iwwerlieft.

D'Monument

  • Am Juli 1969 gouf e Monument ageweit, dat vum Lucien Wercollier entworf gi war, an dat un déi vun do verschleefte Judde sollt erënneren. Dragrawéiert sinn déi hebräesch Buschtawen (vun uewen no ënnen): taw (ת), nun (נ), sade (צ), beth (ב) an he (ה). Se sti fir d'Ufanksbuschtawe vun de Wierder vun engem hebräesche Saz, deen op Lëtzebuergesch heescht "Seng Séil soll verbonne si mat dem Bond vum éiwege Liewen".
  • Den 3. Juli 2005 war beim Monument eng Erënnerungsfeier un d'Shoah zu Lëtzebuerg mat Aweiung vun engem Informatiounspanneau. Dorop ass ze liesen: 1940-1945. Pour avoir été Juifs, 700 hommes et femmes furent déportés d'ici au champ d'extermination d'Auschwitz par l'occupant nazi. Seuls quelques-uns en revinrent. Que ce martyre reste gravé dans vos mémoires et vous inspire la fraternité et la paix.
  • Déi fënnef Bléck aus rosaem Granit, sollen e gekrëmmte Mënsch duerstellen. Se kommen aus der Carrière vum fréiere KZ Natzweiler-Struthof am Elsass.

Literatur

  • Schulz, Jürgen Michael, 2008. Fünfbrunnen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 203-208. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1

Kuckt och

Nationale Resistenzmusée zu Esch-Uelzecht · Nationale Militärgeschichtsmusée zu Dikkrech · Deportatiounsmemorial zu Hollerech · Regionalmusée vun den Zwangsrekrutéierten zu Diddeleng · 385th Bomb Group-Musée zu Pärel · Musée Patton zu Ettelbréck · Krichsmusée Klierf
Monument de la déportation civile et militaire zu Hollerech · Hinzerter Kräiz an der Stad · Nationalmonument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit an der Stad·Nationaalt Streikmonument zu Wolz · Pafemillen Monument fir déi deportéiert Judden · Amerikaneschen Zaldotekierfecht zu Hamm · Däitschen Zaldotekierfecht zu Sandweiler · Monument aux morts Capellen · Lancaster Memorial zu Wäiswampech
  • Aner Institutiounen am Zesummenhang mam Krich, zu Lëtzebuerg:
Centre de documentation et de recherche sur l'enrôlement forcé · Centre de documentation et de recherche sur la Résistance
  • Am noen Ausland:
Commemoratiounsplaz Hinzert · KZ-Niewelager Thil · Mardasson Baaschtnech · Bastogne Historical Center · Halifax-Monument zu Neundorf

Schabloun:Kuckt och Lëschten Lëtzebuerg

Um Spaweck

Commons: Pafemillen – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Pafemillen - 7. Mee 2008