Kalyke (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 2 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.583.000 km |
Periapsis | 17.805.200 km |
Apoapsis | 26.010.800 km |
Exzentrizitéit | 0,245 |
Ëmlafzäit | 743,0 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,31 km/s |
Inklinatioun | 165,2° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 5 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 21,8 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 23. November 2000 |
De Mound Kalyke (oder Jupiter XXIII) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Kalyke gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt a krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 2.
De Mound gouf no der Kalyke, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie, genannt.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]De Kalyke kreest a 743 Deeg op enger mëttlerer Distanz vun 23.583.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,245. Mat enger Inklinatioun vun 165,2° ass d'Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Kalyke zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]De Kalyke huet en Duerchmiesser vun zirka 5 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Mound huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 21,8m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2001-A28: S/2000 J 2, S/2000 J 3, S/2000 J 4, S/2000 J 5, S/2000 J 6 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2001-U21: S/2000 J 2, S/2000 J 5 18. Oktober 2001 (Zeréckentdeckung)