Thelxinoe (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 22 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.162.000 km |
Periapsis | 16.485.000 km |
Apoapsis | 25.839.000 km |
Exzentrizitéit | 0,2206 |
Ëmlafzäit | 628,09 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,45 km/s |
Inklinatioun | 151,417° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 2 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,5 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 9. Februar 2003 |
De Mound Thelxinoe (Jupiter XLII) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]Den Thelxinoe gouf am Joer 2004 op Fotoen entdeckt, déi den 9. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii gemaach goufen. De Mound krut den 30. Mäerz 2005 vun der I.A.U. den offiziellen Numm Thelxinoe, sou genannt no der Thelxinoe, enger titanescher Mus.
Bunndaten
[änneren | Quelltext änneren]Den Thelxinoe kreest a 628 Deeg an 43 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 21.162.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2206. Mat enger Inklinatioun vun 151,4° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Thelxinoe zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.
Physikalesch Daten
[änneren | Quelltext änneren]Den Thelxinoe huet en Duerchmiesser vun 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,5m.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- MPEC 2004-B41: S/2003 J 22 24. Januar 2004 (Entdeckung)
- MPEC 2004-B82: S/2003 J 22 31. Januar 2004 (Zeréckentdeckung)