Nicolas Sarkozy
Nicolas Sarkozy | |
---|---|
Gebuertsnumm | Nicolas Paul Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa |
Pseudonym | Paul Bismuth |
Gebuer |
28. Januar 1955 Paräis |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Universitéit Paris-Nanterre, Universitéit vu Paräis, Institut d'études politiques de Paris, Lycée Chaptal, École Jeannine Manuel |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Staatsmann, Jurist |
Partei | Union pour un mouvement populaire, Union des démocrates pour la République, Rassemblement pour la République, Les Républicains |
Famill | |
Bestuet mat | Carla Bruni |
Papp | Paul Sarkozy |
Mamm | Andrée Mallah |
Geschwëster | Guillaume Sarkozy, François Sarkozy, Olivier Sarkozy, Caroline Sarkozy |
Kanner | Jean Sarkozy, Giulia Sarkozy, Pierre Sarkozy, Louis Sarkozy |
Den Nicolas Sarkozy (mam ganzen Numm Nicolas, Paul, Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa), gebuer den 28. Januar 1955 am 17. Arrondissement vu Paräis, ass e franséische Politiker. Hie war vun 2007 bis 2012 President vun der Republik Frankräich a Coprënz vun Andorra.
Politesch Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Lokal- a Regionalpolitiker
[änneren | Quelltext änneren]Den Nicolas Sarkozy huet seng politesch Karriär als Lokalpolitker 1977 als Gemengerot vun Neuilly-sur-Seine ugefaangen, wou hien dunn och vum 29. Abrëll 1983 bis de 7. Mee 2002 Buergermeeschter war. Vun 1986 bis 1988 war hie Vizepresident a vun 2004 bis 2007 President vum Departementsrot vun den Hauts-de-Seine. Vun 1983 bis 1988 war en am Regionalrot fir d'Île-de-France
Politiker op nationalem Plang
[änneren | Quelltext änneren]Tëscht 1988 an 2005 war hien Deputéierten an der Nationalversammlung a vum 20. Juli bis de 14. September 1999 Europadeputéierten an e puermol Minister (Budget- a Communicatiounsminister, Inneminister, Wirtschafts-, Finanz- an Industrieminister...) ënner de Presidente François Mitterrand (Cohabitatiounsregierung Édouard Balladur) a Jacques Chirac. Hie war, éier e Staatspresident gouf, och President vun der UMP.
Bei de Presidentschaftswalen 2007 ass hien de 6. Mee mat 53,06 % vun de Stëmmen zum President vu Frankräich gewielt ginn. Seng Kontrahentin am 2. Tour, d'Ségolène Royal, krut der 46,94 %.
2012 war hie Kandidat fir erëmgewielt ze ginn, huet d'Walen awer de 6. Mee géint de Sozialist François Hollande verluer.
2014 ass hien erëm President vun der UMP ginn a konnt am Mee 2015 eng Ännerung vum Numm vun der Partei an D'Republikaner (Les Républicains) duerchsetzen.
Famill
[änneren | Quelltext änneren]Den Nicolas Sarkozy huet ungaresch Wuerzelen op sengem Papp senger Säit a gemëscht griichesch-franséisch Originnen op der Säit vu senger Mamm (de Papp vu senger Mamm, den Dr. Mallah, war e Judd, dee vun Thessaloniki a Frankräich agewandert war).
Den Nicolas Sarkozy, dee sech zum Katholizismus bekennt, ass dräimol bestuet ginn, fir d'lescht mat der Carla Bruni, an huet véier Kanner.
Auszeechnungen
[änneren | Quelltext änneren]Am November 2019 krut den Nicolas Sarkozy de Prix Edgar-Faure fir säi Buch Passions an deem en opriichteg, riichteraus a mat engem bestëmmte Recul säi politesche Parcours beschreift.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Georges Mandel: le moine de la politique (eng politesch Biographie); Paräis, 1994.
- Libre; Paräis (Robert Laffont & Fixot), 2001.
- Ensemble; Paräis (XO Éditions), 2007.
- Un traité pour l'Europe; Paräis (Dalloz), 2008.
- La France pour la vie; Paräis (Plon), 2016.
- Tout pour la France; Paräis (Plon), 2016.
- Passions; Paräis (Éditions de l'Observatoire), 2019.
- Le temps des tempêtes; 1. Band; Paräis (Éd. de l'Observatoire), 2020; 528 Säiten.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thierry Desjardins, Galipettes et cabrioles à l'Élysée; Paräis (Fayard), 2008.
- Samir Naïr, Un détournement - Nicolas Sarkozy et la "politique de civilisation" ; Paräis (Gallimard), 2008.
- Jean-Marie Rouart (de l'Acad. fr.), Devoir d'insolence; Paräis (Grasset), 2008.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Nicolas Sarkozy – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Gebuer 1955
- Presidente vun der Franséischer Republik
- Finanzministere vu Frankräich
- Franséisch Affekoten
- Deputéiert vun der Fënnefter Franséischer Republik
- Franséisch Europadeputéiert
- Grand-croix de la Légion d'honneur
- Grand-croix de l'ordre national du Mérite
- Grand-croix de l'ordre de Saint-Charles
- Franséisch Kommunikatiounsministeren
- Membere vum franséische Conseil constitutionnel
- Franséisch Buergermeeschteren
- Franséisch Staatsministeren