2007
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2003 |
2004 |
2005 |
2006 |
2007
| 2008
| 2009
| 2010
| 2011
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2007.
D'Joer 2007 huet op engem Méindeg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- : De 1. JanuarBan Ki-moon gëtt Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen.
Europa
[änneren | Quelltext änneren]- Bulgarien a Rumänien trieden der Europäescher Unioun bäi. 1. Januar:
- Slowenien féiert als 13. EU-Memberstaat den Euro an. 1. Januar:
- 11. Januar: An Éisträich gëtt d'Regierung Gusenbauer, eng Grouss Koalitioun, vereedegt.
- 19. Januar: An Tschechien kritt dem Mirolsáv Topolánek seng Koalitiounsregierung, 7 Méint no de Walen, d'Vertraue vum Parlament gestëmmt.
- 22. Februar: An Holland gëtt d'Regierung Balkenende IV vereedegt.
- : Parlamentswalen an 4. MäerzEstland.
- 19. Mäerz: Parlamentswalen a Finnland, dem Matti Vanhanen seng Zentrumspartei gewënnt mat engem Sëtz méi wéi d'konservativ Partei.
- : Den 5. MeeNicolas Sarkozy gewënnt d'Presidentschaftswalen a Frankräich.
- 17. Mee: De François Fillon gëtt zum Premierminister a Frankräich ernannt.
- 24. Mee: Parlamentswalen an Irland; d'Fianna Fáil bleift déi stäerkst Partei.
- 31. Mee: De Valdis Zatlers gëtt zum President a Lettland gewielt.
- 10. Juni: Wale fir d'federaalt Parlament an der Belsch. Dem Yves Leterme seng Partei CD&V gewënnt am meeschten u Stëmme bäi.
- 10. a 17. Juni: Parlamentswalen a Frankräich. D'UMP kritt 313 Sëtz, de PS der 186, de PSLE-Majorité présidentielle der 22, de PCF der 15, Les Verts der 4, d'UDF - Mouvement Démocrate der 3, de Front National keen, a verschidden anerer der 34.
- 16. Juni: D'Partei Die Linke gëtt an Däitschland gegrënnt.
- 27. Juni: De Gordon Brown gëtt Premierminister vu Groussbritannien.
- 16. September: Bei de Parlamentswalen a Griicheland kritt d'Regierungspartei vun der Nea Dimokratia (ND) ënner dem Kostas Karamanlis déi meescht Stëmmen.
- 30. September: Virgezunne Parlamentswalen an der Ukrain.
- 21. Oktober: Bei de Parlamentswalen ("Nationalrat") an der Schwäiz kritt d'SVP mat 62 vun 200 déi meescht Sëtz.
- 21. Oktober: Déi liberal Biergerplattform gëtt mat 208 Sëtz vu 460 déi stäerkst Partei bei virgezunnenen Neiwale fir dat ponescht Parlament.
- 11. November: Den Danilo Türk gëtt zum neie President vu Slowenie gewielt.
- 13. November: Virgezunne Folketing- (Parlaments-)walen an Dänemark; dem Premier Anders Fogh Rasmussen seng Partei Venstren kritt déi meescht Stëmmen.
- 18. November: Am Kosovo gewannen d'PDK an d'LDK, zwou Parteien, déi fir d'Onofhängegkeet sinn, d'Walen.
- 25. November: Parlamentswalen a Kroatien.
- 13. Dezember: D'Staats- a Regierungscheffe vun der EU ënnerschreiwen am Jerónimosklouschter zu Lissabon de Refrormtraité.
- 18. Dezember: D'Julija Tymoschenko gëtt nees Premierministesch an der Ukrain.
- 19. Dezember: Accord an der Belsch iwwer d'"Iwwergangsregierung" Verhofstadt III.
- 21. Dezember: An Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowenien, Tschechien, Ungarn an an der Slowakei trëtt d'Schengener Ofkommes a Kraaft.
- 23. Dezember: Den Islom Karimov gëtt zum President vun Usbekistan gewielt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Januar: De Chef vum Geheimdéngscht SREL, Marco Mille, hëlt heemlech mat enger preparéierter Auer e Gespréich tëscht him an dem Premier Jean-Claude Juncker op. Dëst gëtt am November 2012 bekannt, an bréngt d'SREL-Affär un d'Rullen, bei där ëmmer nei onreegelméisseg oder illegal Aktivitéite vum SREL opgedeckt ginn, sou datt am Dezember 2012 eng Spezialkommissioun vun der Chamber agesat gëtt, där hire Schlussrapport den 21. Juni 2013 dem Premier eng "onbestridde politesch Responsabilitéit" attestéiert. Dëse kënnt den 10. Juli 2012 engem Mësstrauensvote zuvir a freet no Neiwalen, mam Resultat, dass zanter de Wale vum 20. Oktober 2013 d'CSV 2 Legislaturperiode (10 Joer) laang an der Oppositioun war.
- 24. Mee: Staatsvisit vum russesche President Wladimir Putin.
- 30. November: Den 3. Lëtzebuerger Filmpräis gëtt verdeelt.
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Januar: De Rafael Vicente Correa Delgado gëtt President am Ecuador.
- 28. Oktober: An Argentinie gewënnt d'Cristina Fernández de Kirchner d'Presidentschaftswalen.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 28. August: Den Abdullah Gül gëtt zum President an der Tierkei gewielt.
- 14. September: De Wiktor Alexejewitsch Subkow gëtt Premierminister a Russland.
- 26. September: De Yasuo Fukuda gëtt Premierminister a Japan.
- 15. November: Den Zyklon Sidr mécht Dausende vun Doudesaffer am Bangladesch.
- : Parlamentswalen a 2. DezemberRussland.
- 19. Dezember: A Südkorea gewënnt de Lee Myung-bak d'Presidentschaftswalen.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 24. November: D'Aarbechterpartei mam Spëtzekandidat Kevin Rudd gewënnt d'australesch Parlamentswalen.
Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Juli: De Shimon Peres gëtt President vun Israel.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerg zesumme mat der Groussregioun an déi rumänesch Stad Sibiu ginn Europäesch Kulturhaaptstad.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis fir dem Lambert Schlechter säi Le murmure du monde.
- 1. Präis vum Concours littéraire national 2007 fir dem Guy Rewenig säi Le chef d'orchestre à la baguette de bambou.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Mee–16. Mee: D'Marija Šerifović gewënnt fir Serbien mam Lidd Molitva den 52. Eurovision Song Contest zu Helsinki.
- 11. Juli: De Musekpräis Elie Music Award gëtt an der Rockhal verginn.
Film
[änneren | Quelltext änneren]- César fir de beschte Film: Lady Chatterley vum Pascale Ferran.
- Oscar fir de beschte Film: The Departed vum Martin Scorsese.
- Gëlle Palm um Filmfestival vu Cannes: 4 luni, 3 săptămâni şi 2 zile vum Cristian Mungiu.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Januar: Première vu Lumen vum Philip Koch.
- 20. Abrëll: Première vun 100 Joer Jeunesse Esch - E stoarkt Stéck Minett vun der Julie Schroell.
- 27. Abrëll: Première vun Ëmmer bereet - Eng Geschicht vu Guiden a Scouten vun der Cathy Richard.
- : Première vu 6. JuliPlein d'essence vun der Geneviève Mersch.
- 21. September: Première vun Entrée d'artistes vum Andy Bausch.
- 19. Oktober: Première vun Am Éislek vum Tom Alesch.
- 26. Oktober: Première vu Luxemburg, USA vum Christophe Wagner.
- 16. November: Première vun Nuits d'Arabie vum Paul Kieffer.
- 30. November: 3. Lëtzebuerger Filmpräis ex aequo fir Plein d'essence vun der Geneviève Mersch (Documentaire) an Your Name Is Justine vum Franco de la Peña (Spillfilm).
- 14. Dezember: Première vun Diddeleng – 100 Joer, 100 Gesiichter vum Beryl Koltz an Armand Strainchamps.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Mäerz: D'LGV Est européenne, eng Zuchstreck fir Zich mat héijer Vitess, gëtt tëscht Vaires-sur-Marne a Baudrecourt (Moselle) offiziell ageweit.
- 10. Juni: Den TGV Est hëlt de reguläre Verkéier tëscht der Stad Lëtzebuerg a Paräis op.
- 26. Abrëll: De Fligerteleskop Stratosphärenobservatoire fir Infraroutastronomie huet säin éischte Fluch an ersetzt de Kuiper Airborne Observatoire, dee bis 1995 am Déngscht war.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- Den F91 Diddeleng gewënnt d'Foussballchampionat an d'Coupe de Luxembourg.
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu 7. FebruarHesper 2:1 géint Gambia. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Aurélie Joachim a Chris Sagramola geschoss.[1]
- 24. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 1:2 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Chris Sagramola geschoss.[2]
- 28. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Piatra Neamt, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:3 géint Rumänien.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 2. JuniTirana, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Albanien.[4]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:3 géint Albanien. 6. Juni[5]
- 22. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 0:0 géint Georgien.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:3 géint Slowenien. 8. September[7]
- 12. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:3 géint Bulgarien.[8]
- 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt zu Gomel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 1:0 géint Wäissrussland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Fons Leweck geschoss.[9]
- 17. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:2 géint Rumänien.[10]
- 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Rotterdam, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2008, 0:1 géint Holland.[11]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 3. JanuarFernand Bauer, lëtzebuergesche Mathematiksprofesser.
- : 8. JanuarFrancis Cockfield, brittesche Politiker.
- Yvonne De Carlo, kanadesch-US-amerikanesch Schauspillerin. 8. Januar:
- Iwao Takamoto, japanesch-US-amerikaneschen Zeechentrickfilmmécher. 8. Januar:
- 11. Januar: Solveig Dommartin, franséisch Schauspillerin.
- 11. Januar: Kéba Mbaye, senegaleesesche Riichter a Sportfonctionnaire.
- 11. Januar: Donald Edward Osterbrock, US-amerikaneschen Astronom.
- 16. Januar: Rudolf-August Oetker, däitschen Entreprener an Armateur.
- 18. Januar: Cyril Mar Baselios Malancharuvil, indesche Bëschof.
- 19. Januar: Hrant Dink, armeenesche Journalist.
- 21. Januar: Maria Cioncan, rumänesch Liichtathleetin.
- 21. Januar: Peer Raben, däitsche Filmregisseur.
- 22. Januar: Henri Grouès bekannt als Abbé Pierre, franséische Geeschtlechen a Grënner vun Hëllefsorganisatiounen.
- : 9. FebruarIan Richardson, schottesche Schauspiller.
- Erik Schumann, däitsche Schauspiller. 9. Februar:
- 17. Februar: Maurice Papon, franséische Beamten a Politiker.
- 18. Februar: Félix Lévitan, franséische Sportsjournalist.
- 22. Februar: Fons Rademakers, hollännesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 28. Februar: Marie-Adélaïde, Prinzessin vu Lëtzebuerg.
- : 2. MäerzHenri Troyat, franséische Schrëftsteller.
- : 6. MäerzJean Baudrillard, franséische Soziolog.
- Ernest Gallo, US-amerikanesche Wäiproduzent. 6. Mäerz:
- 13. Mäerz: Herbert Fux, éisträichesche Schauspiller a Politiker.
- 14. Mäerz: Lucie Aubrac, franséisch Historikerin a Resistenzlerin.
- 17. Mäerz: Freddie Francis, brittesche Kameramann a Filmregisseur.
- 17. Mäerz: Norbert Weber, lëtzebuergesche Kolumnist an Auteur.
- 27. Mäerz: Paul Lauterbur, US-amerikanesche Cheemiker; Nobelpäisdréier.
- : 9. AbrëllEgon Bondy, tschechesche Schrëftsteller a Philosoph.
- Ellen Dorrit Hoffleit, US-amerikanesch Astronomin. 9. Abrëll:
- 11. Abrëll: Loïc Leferme, franséischen Apnpoe-Daucher.
- 11. Abrëll: Kurt Vonnegut, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 14. Abrëll: Margot Libens-Reiffers, lëtzebuergesch Geschäftsfra.
- 19. Abrëll: Jean-Pierre Cassel, franséische Schauspiller.
- 23. Abrëll: Boris Nikolajewitsch Jelzin, russesche Politiker.
- 27. Abrëll: Mstislaw Rostropowitsch, russesche Komponist, Cellist an Dirigent.
- 28. Abrëll: Carl Friedrich von Weizsäcker, däitsche Physiker, Philosoph a Friddensfuerscher.
- 30. Abrëll: Gordon Scott, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 3. MeeWalter Schirra, US-amerikaneschen Astronaut.
- : 7. MeeDiego Corrales, amerikanesche Boxer
- 11. Mee: Tanumafili II., Staatschef vu Samoa.
- 28. Mee: Leonora Ruffo, italieenesch Schauspillerin.
- 29. Mee: Marcel Erpelding, lëtzebuergesche Politiker.
- 30. Mee: Jean-Claude Brialy, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 31. Mee: Alfred Steinmetzer, lëtzebuergesche Moler.
- : 2. JuniWolfgang Hilbig, däitsche Schrëftsteller.
- Michèle Prange, Schrëftstellerin, Journalistin, Literaturkritikerin a Professesch. 2. Juni:
- 10. Juni: André Wynen, belschen Dokter a Resistenzler.
- 14. Juni: Kurt Waldheim, éisträichesche Politiker.
- 14. Juni: Alain Marchetti, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 19. Juni: Klausjürgen Wussow, däitsche Schauspiller.
- 22. Juni: Bernd Becher, däitsche Fotograf.
- : 2. JuliGiuseppe Forti, italieeneschen Astronom.
- 22. Juli: Ulrich Mühe, däitsche Schauspiller.
- 22. Juli: Jean Stablinski, franséische Vëlossportler.
- 29. Juli: Michel Serrault, franséische Schauspiller.
- 30. Juli: Michelangelo Antonioni, italieenesche Regisseur.
- 30. Juli: Ingmar Bergman, schweedesche Regisseur.
- : 5. AugustJean-Marie Lustiger, fréieren Äerzbëschof vu Paräis.
- : 8. AugustMelville Shavelson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- : 9. AugustUlrich Plenzdorf, däitsche Schrëftsteller.
- 11. August: Franz Antel, éisträichesche Regisseur.
- 15. August: René Grégorius, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker.
- 24. August: Hansjörg Felmy, däitsche Schauspiller.
- 25. August: Raymond Barre, franséische Politiker.
- 26. August: Gaston Thorn, lëtzebuergesche Politiker.
- 29. August: Pierre Messmer, franséische Politiker.
- : 6. SeptemberLuciano Pavarotti, italieeneschen Tenorsänger.
- 10. September: Jane Wyman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 13. September: Joachim Hansen, däitsche Schauspiller.
- 14. September: Jacques Martin, franséische Radio- an Televisiounsanimateur.
- 15. September: Juliette François, lëtzebuergesch Schauspllerin.
- 21. September: Jürgen Roland, däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 22. September: Marcel Marceau, franséische Pantomime.
- : 5. OktoberWalter Kempowski, däitsche Schrëftsteller.
- 13. Oktober: Marion Michael, däitsch Schauspillerin.
- 14. Oktober: Raymond Pellegrin, franséische Schauspiller.
- 16. Oktober: Deborah Kerr, brittesch Schauspillerin.
- 21. Oktober: Constant Wagner, lëtzebuergesche Sportschéisser.
- 28. Oktober: Evelyn Hamann, däitsch Schauspillerin.
- : 2. NovemberSerge Rousseau, franséische Schauspiller.
- : 9. NovemberLuís Herrera Campíns, venezuelanesche Politiker.
- 10. November: Laraine Day, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 10. November: Norman Mailer, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 12. November: Ferdinando Baldi, italieenesche Filmregisseur.
- 15. November: Jacques Bellion, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. November: Pierre Granier-Deferre, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. November: Maurice Béjart, franséische Choreograph.
- 25. November: Nic Joosen, belsch Molerin a Sculptrice.
- 30. November: François-Xavier Ortoli, franséische Politiker a Geschäftsmann.
- : 2. DezemberEleonora Rossi Drago, italieenesch Schauspillerin.
- : 5. DezemberKarlheinz Stockhausen, däitsche Komponist.
- : 6. DezemberJean Dupong, lëtzebuergesche Politiker.
- : 9. DezemberHenri Debehogne, belschen Astronom.
- 12. Dezember: Ike Turner, US-amerikanesche Museker.
- 22. Dezember: Julien Gracq, franséische Schrëftsteller.
- 23. Dezember: Oscar Peterson, kanadeschen Jazz-Pianist.
- 27. Dezember: Benazir Bhutto, pakistanesch Politikerin.
- 27. Dezember: Amar Nath Sehgal, indesche Moler, Sculpteur a Poet.
- 28. Dezember: Franz Calliari, éisträicheschen Theolog a Journalist.
- 31. Dezember: Gaston Diederich, lëtzebuergesche Jurist a Boxer.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2007 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Gambia de 7. Februar 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Wäissrussland de 24. Mäerz 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Rumänien-Lëtzebuerg den 28. Mäerz 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Albanien-Lëtzebuerg den 2. Juni 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Albanien de 6. Juni 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Georgien den 22. August 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Slowenien den 8. September 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 12. September 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Wäissrussland-Lëtzebuerg den 13. Oktober 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Rumänien de 17. Oktober 2007 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg de 17. November 2007 op der Websäit vun European Football.info