Robert Thill (Germanist)
Ausgesinn
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Germanist Robert Thill. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Robert Thill. |
Robert Thill | |
---|---|
Gebuer | 9. September 1942 |
Gestuerwen |
10. Juni 2015 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Germanist, Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
De Robert Thill, genannt Roby, gebuer den 9. September 1942, a gestuerwen den 10. Juni 2015 zu Esch-Uelzecht, ass ee lëtzebuergesche Germanist, Professer am Secondaire classique (LGE), Auteur a Mataarbechter vum Nationale Literaturzentrum (Centre national de littérature) zu Miersch.
Hien huet eng ganz Rei vu literaresche Bäiträg an deene verschiddensten Zeitungen an Zäitschrëfte publizéiert, ë. a. an der järlecher Revue récré vun der APESS.
Publikatiounen (Iwwerbléck)
[änneren | Quelltext änneren]- Frantz Clément. Intellektueller, Schriftsteller, Journalist: sein Leben, sein Werk, seine Zeit. Esch-sur-Alzette: Éd. Phi ; Mersch: Centre national de littérature, 2016, 395 S.[1]
- Der Luxemburger Journalist und Schriftsteller Frantz Clément (1882-1942); in: récré 23 (2007); Diekirch (APESS), 2007; Ss. 194-219.
- (als Editeur): Frantz Clément, Zickzack - Ein Lesebuch. Vorgestellt und kommentiert von Robert Thill; Miersch (CNL), 2006.
- Zu Nik Welter 'Lene Frank' - Eingeleitet und kommentiert von Germaine Goetzinger; in: Revue luxembourgeoise de Littérature générale et comparée, 1991; Lëtzebuerg (Société luxembourgeoise de Littérature générale et comparée & Centre universitaire de Luxembourg), 1991; Ss. 167-170.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Cornel Meder huet eng Rezensioun vun dësem Wierk an der Galerie 33 (2015) N° 4, S. 612-613, publizéiert.