2015
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2011 |
2012 |
2013 |
2014 |
2015
| 2016
| 2017
| 2018
| 2019
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2015.
D'Joer 2015 huet op engem Donneschdeg ugefaangen.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- uechter d'Joer: Honnertdausende vu Flüchtlingen (1,6 Millioune bis Enn Dezember) aus de Krisegebitter ronderëm d'Europäesch Unioun froen Asyl an enger Rëtsch vu Memberlänner (dovun 1 Millioun an Däitschland) un a stellen dës viru grouss Erausfuerderungen.
- : 1. JanuarLitauen gëtt Member vun der Eurozon a féiert den Euro als Wärung an.
- : Bei engem Attentat op d'Redaktioun vun der franséischer satirescher Zeitung 7. JanuarCharlie Hebdo zu Paräis kommen 12 Leit ëm d'Liewen. Deen Dag drop bréngt e Kompliz 3 Leit an engem jiddesche Supermarché ëm; hien, wéi och déi zwéin aner Attentäter, ginn am spéiden Nomëtte vun der Police erschoss.
- 11. Januar: 4 bis 5 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich ënner dem Slogan Je suis Charlie hiert Matgefill mat den Attentatsaffer a fir Meenungsfräiheet, et gëtt Dosende vu änleche Manifestatiounen uechter d'Welt.
- 11. Januar: D'Kolinda Grabar-Kitarović gewënnt am 2. Tour vun de Presidentewalen a Kroatien.
- 25. Januar: Bei de virgezunnene Parlamentswalen a Griicheland kritt dem Alexis Tsipras seng Lénkspartei Syriza déi meescht Stëmmen; hie gëtt deen Dag drop als Premierminister an enger Koalitioun mat den nationalkonservativen Anexartiti Ellines vereedegt.
- 31. Januar: De Sergio Mattarella gëtt zum neie Staatspresident vun Italie gewielt.
- 18. Februar: De Prokopis Pavlopoulos gëtt zum neie President vu Griicheland gewielt. En trëtt säin Amt den 13. Mäerz un.
- : Dem 1. Mäerzandorranesche Premierminister Antoni Martí seng Partei Demòcrates per Andorra kritt bei de Parlamentswalen d'absolut Majoritéit.
- Estland. Ministerpresident gouf erëm den Taavi Rõivas. 1. Mäerz: Parlamentswalen an
- 12. Mäerz: Déi islännesch Regierung zitt d'Kandidatur vun hirem Land fir Member vun der Europäescher Unioun ze ginn, zeréck.
- 24. Mäerz: De Kopilot vun engem Airbus A320 vun der Germanwings léisst um Fluch vu Barcelona op Düsseldorf an de franséischen Alpen de Fliger express an e Bierg knuppen; mat him stierwen all déi 149 aner Leit u Bord.
- : Bei de Parlamentswalen am 7. MeeVereenegte Kinnekräich gewënnt d'Konservativ Partei ënner dem David Cameron d'absolut Majoritéit.
- 24. Mee: Den Andrzej Duda gewënnt d'Presidentschaftswalen a Polen. Hie gëtt de 6. August vereedegt.
- 29. Mee: No de Parlamentswale vum 17. Abrëll a Finnland gëtt de Juha Sipilä neie Premierminster.
- : De 5. JuniRaimonds Vējonis gëtt vum Parlament zum neie President vu Lettland gewielt an den 8. Juli vereedegt.
- 28. Juni: No de Parlamentswalen an Dänemark, den 18. Juni, gëtt de Lars Løkke Rasmussen als neie Premierminister vun enger minoritärer rietsliberaler Regierung vereedegt.
- 20. September: D'Syriza-Partei gewënnt op en Neits déi virgezunne Parlamentswalen a Griicheland.
- 24. September: De Puente de la Constitución de 1812 zu Cadiz gëtt ageweit.
- : Bei de Parlamentswalen a 4. OktoberPortugal bleift d'Mëtt-riets-Alianz Portugal à Frente vum Pedro Passos Coelho senger PSD an der CDS-PP déi Stäerkst, hat awer net d'Majoritéit am Parlament. Den 11. November entzéien d'Oppositiounsparteien als Lénksblock der Regierung d'Vertrauen, an de Coelho trëtt zeréck. De 25. November gëtt de António Costa zum neie Premierminister ernannt.
- 11. Oktober: Den Alexander Lukaschenko gëtt bei de Presidentschaftswalen a Wäissrussland erëmgewielt.
- 18. Oktober: Parlamentswalen an der Schwäiz; d'SVP an d'FDP gewanne Sëtz.
- 25. Oktober: Bei de Parlamentswalen a Polen gewënnt d'Partei Recht a Gerechtegkeet (PiS), mat der Beata Szydło un der Spëtzt, d'absolut d'Majoritéit. D'Szydło gëtt de 16. November als nei Premierministesch vereedegt.
- : Parlamentswalen a 8. NovemberKroatien.
- 13. November: Bei terroristeschen Attacken zu Paräis an zu Saint-Denis (Seine-Saint-Denis) kommen 130 Leit ëm d'Liewen a ronn 350 gi blesséiert, dovun ee Véirel ganz schwéier.
- 17. November: A Rumänien gëtt de Dacian Cioloș neie Premierminister, nodeems d'Virgängerregierung no ëffentleche Protester zeréckgetruede war.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Den normalen TVA-Taux gëtt vu 15 % op 17 % gehéicht.
- 1. Januar: Éischt Bestietnes zu Lëtzebuerg vun enger homosexueller Koppel.[1]
- 1. Januar: D'Gemenge Wolz an Eschweiler fusionéieren zu enger vergréisserter Gemeng Wolz.
- 21. a 26. Januar: Mat enger Eenegung an der Chamber op zwou zukünfteg Verfassungsännerungen an engem Accord tëscht dem Staat a 6 Reliounsgemeinschafte gëtt d'Verhältnes tëscht Staat a Reliounen nei gereegelt.
- 29. Abrëll: D'Union Titus Péiteng entsteet mat der Fusioun vum CS Péiteng an dem FC Titus Lamadelaine.
- 7. Juni: Beim Referendum iwwer de Walalter, d'Auslännerwalrecht an d'Limitatioun vu Regierungsmandater sinn eng grouss Majoritéit vun de Wieler (respektiv 80,87 %, 78,02 % an 69,93 %) dergéint, déi aktuell gëlteg Bestëmmungen z'änneren.
- 1. Juli: Lëtzebuerg iwwerhëlt turnusgeméiss bis Enn des Joers d'Presidence vum Conseil vun der EU.
- 14. September: D'Uni Lëtzebuerg fänkt hire reguläre Betrib um Campus Belval un.
- 23. September: Mam leschte Stéck tëscht dem Waldhaff a Luerenzweiler gëtt d'Nordstrooss duerchgängeg fir de Verkéier opgemaach.
-
Referendum vum 7. Juni
-
Maison du Savoir um Belval
-
Tunnel Stafelter op der A7
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Januar: De Jean Ravelonarivo gëtt Premierminister vu Madagaskar.
- 29. Mäerz: De Muhammadu Buhari gëtt zum President vun Nigeria gewielt; hien trëtt säin Amt den 29. Mee un.
- 27. Abrëll: Den Umar al-Baschir gëtt fir d'véiert als President vum Sudan gewielt.
- 11. Oktober: Den Alpha Condé gëtt bei de Presidentewalen a Guinea erëmgewielt.
- 25. Oktober: Den John Magufuli gewënnt d'Presidentschaftswalen an Tansania.
- 29. November: De Roch Marc Kaboré gewënnt d'Presidentschaftswalen am Burkina Faso.
- 29. Dezember: No enger zweejäreger Epidemie erkläert d'Weltgesondheetsorganisatioun d'Republik Guinea fir Ebola-fräi.[2]
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]- 4. November: No de Parlamentswalen a Kanada vum 19. Oktober gëtt de Justin Trudeau neie Premierminister.
USA
[änneren | Quelltext änneren]Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 16. Januar: Den Evans Paul gëtt Premierminister vun Haiti.
- : Bei de Parlamentswalen a 7. JuniMexiko krut d'Regierungspartei Partido Revolucionario Institucional vum President Enrique Peña Nieto déi meeschte Stëmmen.
- : Nom Récktrëtt vum 3. SeptemberOtto Pérez Molina gëtt den Alejandro Maldonado Aguirre als Staatspresident vu Guatemala vereedegt.
- 6. September/25. Oktober: Parlaments- a Presidentschaftswalen a Guatemala, bei där de Jimmy Morales mat iwwer 68% gewënnt.
- 22. November: De Mauricio Macri gewënnt am 2. Tour Presidentschaftswalen an Argentinien (gläichzäiteg ware Parlamentswalen).
- 25. Oktober/27. Dezember: Parlaments- a Presidentschaftswalen an Haiti, bei der den Jovenel Moïse se gewonnen huet.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- : De 8. JanuarMaithripala Sirisena gewënnt d'Presidentewalen a Sri Lanka, hie gëtt deen Dag drop vereedegt.
- 25. Abrëll: Bei engem Äerdbiewe vun enger Stäerkt vu 7,8 am Himalaya, an e puer Nobiewen déi Deeg drop, kommen iwwer 8.600 Mënschen ëm d'Liewen, déi meescht am Nepal.
- 26. Abrëll: Den Nursultan Nasarbajew gëtt fir d'Sechst zum President vu Kasachstan erëmgewielt.
- : Bei der Parlamentswal an der 7. JuniTierkei huet d'AKP-Partei vum President Erdoğan hir absolut Parlamentsmajoritéit verluer. Well et zu kenger Koalitioun koum, waren den 1. November Neiwalen, bei deenen d'AKP d'absolut Majoritéit erëmkrut.
- 10. Oktoberː Op d'mannst 102 Doudeger a ronn 500 Blesséierter bei engem duebele Bommenattentat an der tierkescher Haaptstad Ankara.
- 28. Oktober: D'Bidhya Devi Bhandari gëtt Presidentin vun Nepal.
- : Parlamentswalen am 1. NovemberAserbaidjan.
- : Parlamentswalen am 8. NovemberMyanmar.
- 30. Dezember: De Giorgi Kvirikashvili gëtt neie Premierminister a Georgien.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 15. September: Nom Récktrëtt vum Tony Abbott gëtt de Malcolm Turnbull neie Premierminister an Australien.
Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 23. Januar: Nom Doud vu sengem Hallefbrudder Abdullah gëtt de Salman ibn Abd al-Aziz Kinnek vu Saudi-Arabien.
- : Dem neien 6. Februartuneesesche Premierminister Habib Essid seng Regierung gëtt vereedegt.
- 21. Mäerz: Dem Ministerpresident Benjamin Netanjahu seng Likud-Partei gewënnt d'Parlamentswalen an Israel. De 6. Mee kënnt et zu enger Koalitiounsregierung vu Likud an e puer méi klenge rietskonservativ-reliéise Parteien.
- 20. Mäerz No enger Attack op zwou schiittesch Moscheeën am Jemen, bei där et ronn 150 Doudeger gouf, kënnt et zu enger Revolt vun de schiitteschen Huthi-Rebellen, de President Abed Rabbo Mansur Hadi flücht de 25. Mäerz aus dem Land.
- An der Nuecht op den 19. Abrëll geet e Schëff am Mëttelmier ënner, dat mat Flüchtlingen u Bord vu Libyen ënnerwee an Italie war; ëm déi 800 Leit stierwen, just 28 konnte gerett ginn.
- 24. September: Iwwer dausend Doudeger bei der Haddsch zu Mina, bei Mekka, wou et zu engem Mënschegewulls kënnt.
- 18. Oktober: Parlamentswalen an Egypten.
- 31. Oktober: De Fluch 9268 vun der russescher Metrojet fällt an Egypten wéinst der Explosioun vun enger Bomm u Bord erof; 224 Doudeger.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Plzeň a Mons sinn Europäesch Kulturhaaptstied.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis fir dem Roland Meyer säi Roman Roughmix.
- 1. Präis am Nationale Literaturconcours (Gedichter) fir de Florent Toniell.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]Kino
[änneren | Quelltext änneren]- César fir de beschte Film: Timbuktu vum Abderrahmane Sissako.
- Oscar fir de beschte Film: Birdman vum Alejandro González Iñárritu.
- Gëlle Palm fir de beschte Film: Dheepan vum Jacques Audiard.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Première vun: Mammejong (28.1.), Les brigands (1.3.), Baby (a)lone (8.3.), Faustino One Man Show (17.3.), Buffalo C. Wayne (22.4.), Eng nei Zäit (14.10.), Mos Stellarium (11.11.),...
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- 18. September: Déi amerikanesch Ëmweltagence beschëlegt Volkswagen wéinst enger 'Fuddelsoftware', déi Tester erkennt an dann d'NOx-Ofgase vu sengen Diesel-Motore kënschtlech niddreg léisst; Ufank vun der Dieselgate-Affär, déi sech jorelaang hinzitt an zu enger 25 Milliarden Euro u Strofen a Kompensatioune féiert.
- 12. Dezember: 195 Länner eenege sech op der UN-Klimakonferenz 2015 (COP 21) iwwer en Ofkommes iwwer Klimapolitik.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Februar: Den IXV, déi éischt Mini-Raumnavette vun der ESA, gëtt mat der Drorakéit Vega op Orbit geschoss a lant duerno am Pazifeschen Ozean.
- 14. Juli: Néng an en halleft Joer, nodeems se d'Äerd verlooss hat, flitt déi amerikanesch Raumsond New Horizons laanscht den Zwergplanéit Pluto a säi Mound Charon a schéckt Biller op d'Äerd.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Juli: De Chris Froome gewënnt den Tour de France.
- 25. Juli bis 2. August: Special Olympics World Games zu Los Angeles a Kalifornien
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Žilina (Slowakei) am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Slowakei.[3]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 1:2 géint Tierkei. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Mario Mutsch geschoss.[4]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch zu Lëtzebuerg 0:0 géint Moldawien. 9. Juni[5]
- 14. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Lwiw am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:3 géint d'Ukrain.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 1:0 géint 5. SeptemberMazedonien. De Sébastien Thill huet de Gol geschoss.[7]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Baryssau am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:2 géint 8. SeptemberWäissrussland.[8]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Logroño am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 0:4 géint Spuenien. 9. Oktober[9]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 2016, 2:4 géint d'Slowakei. D''Goler fir Lëtzebuerg hunn de Mario Mutsch an de Lars Gerson geschoss.[10]
- 13. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 1:0 géint Griicheland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Aurélien Joachim geschoss.[11]
- 17. November:Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy Barthel an engem Frëndschaftsmatch 0:2 géint Portugal.[12]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 7. JanuarCabu, Charb, Honoré, Tignous a Wolinski, Zeechner a Journaliste bei der Zäitschrëft Charlie Hebdo.
- Bernard Maris, franséischen Ekonomist a Journalist. 7. Januar:
- : 8. JanuarMarc Olinger, lëtzebuergesche Schauspiller a Regisseur.
- Rod Taylor, australesche Schauspiller. 8. Januar:
- : 9. JanuarJózef Oleksy, polnesche Politiker.
- 10. Januar: Francesco Rosi, italieenesche Filmregisseur.
- 11. Januar: Anita Ekberg, schweedesch Schauspillerin.
- 15. Januar: Victor Poos, lëtzebuergesche Geometer a Buergermeeschter vun Dikrech.
- 23. Januar: Abdullah ibn Abd al-Aziz, Kinnek vu Saudi-Arabien.
- 24. Januar: Alphonse Deloos, lëtzebuergesche Karikaturist.
- 24. Januar: Demis Roussos, griichesche Sänger.
- 27. Januar: Charles Hard Townes, US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 28. Januar: Yves Chauvin, franséische Cheemiker an Nobelpräisdréier.
- 28. Januar: Alphonse Halleux, belsche Moler.
- 28. Januar: Édouard Legille, lëtzebuergeschen Ingenieur, Erfinder a Manager.
- 30. Januar: Jeliu Jelew, bulgaresche Politiker a Staatspresident.
- 30. Januar: Carl Djerassi, US-amerikanesch-éisträicheschen a bulgaresche Cheemiker.
- 31. Januar: Richard von Weizsäcker, däitsche Politiker a sechsten däitsche Bundespresident.
- : 5. FebruarVal Fitch, US-amerikanesche Physiker.
- : 6. FebruarAssia Djebar, algeeresch Historikerin a Schrëftstellerin.
- 11. Februar: Roger Hanin, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 12. Februar: Monique Elvinger, belsch-lëtzebuergesch Molerin.
- 14. Februar: Michele Ferrero, italieeneschen Entreprener.
- 14. Februar: Louis Jourdan, franséische Schauspiller.
- 18. Februar: Claude Criquielion, belsche Vëlossportler.
- 20. Februar: Sandy Whitelaw, brittesche Filmregisseur a Schauspiller.
- 27. Februar: Boris Nemzow, russesche Politiker.
- 27. Februar: Leonard Nimoy, US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Februar: Marc Meyer, lëtzebuergeschen Zoolog.
- : 2. MäerzJoseph Kohnen, lëtzebuergesche Philolog.
- : 9. MäerzFrei Otto, däitschen Architekt.
- 12. Mäerz: Terry Pratchett, englesche Schrëftsteller.
- 20. Mäerz: François Schlechter, lëtzebuergesche Ringer.
- 23. Mäerz: Lee Kuan Yew, singapuresche Politiker.
- 25. Mäerz: Ivo Garrani, italieenesche Schauspiller.
- 26. Mäerz: Fred Robsahm, norweegesche Schauspiller.
- 26. Mäerz: Tomas Tranströmer, schweedeschen Dichter.
- 26. Mäerz: Doris Kirchner, éisträichesch Schauspillerin.
- 27. Mäerz: Rik Battaglia, italieenesche Schauspiller.
- 28. Mäerz: Gene Saks, US-amerikanesche Schauspiller a Regisseur.
- 30. Mäerz: Helmut Dietl, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 2. AbrëllManoel de Oliveira, portugisesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 3. AbrëllThierry Origer, lëtzebuergesche Reliounswëssenschaftler an Organist.
- : 5. AbrëllOthon Scholer, lëtzebuergesche Philolog, Professer an Auteur.
- 13. Abrëll: Eduardo Galeano, uruguayesche Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Günter Grass, däitsche Schrëftsteller.
- 14. Abrëll: Anne-Marie Peysson, franséisch Journalistin a Speakerin.
- 14. Abrëll: Percy Sledge, US-amerikanesche Soul-Sänger.
- 16. Abrëll: Stanislav Gross, tschechesche Politiker.
- 20. Abrëll: Richard Anthony, franséische Sänger.
- 28. Abrëll: René Féret, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Ben E. King, US-amerikanesche Sänger.
- 30. Abrëll: Patachou, franséisch Sängerin a Schauspillerin.
- : 2. MeeRuth Rendell, englesch Schrëftstellerin.
- : 3. MeeGuido Guerrasio, italieenesche Filmkritiker a Filmregisseur.
- : 7. MeeThomas Engel, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 14. Mee: B. B. King, US-amerikanesche Museker.
- 15. Mee: Willy Hagara, éistreichesche Schlagersänger a Schauspiller.
- 20. Mee: Colette Wark-Hoffmann, lëtzebuergesch Sängerin
- 23. Mee: John Nash, US-amerikanesche Mathematiker an Nobelpräisdréier.
- 26. Mee: Robert Paul Kraft, US-amerikaneschen Astronom.
- 29. Mee: Doris Hart, US-amerikanesch Tennisspillerin.
- : 2. JuniAlberto De Martino, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 4. JuniEdith Hancke, däitsch Schauspillerin.
- : 5. JuniTariq Aziz, irakesche Politiker.
- : 6. JuniPierre Brice, franséische Schauspiller.
- Richard Johnson, englesche Schauspiller a Filmproduzent 6. Juni:
- : 7. JuniChristopher Lee, brittesche Schauspiller.
- : 9. JuniJames Last, däitsche Komponist a Bandleader.
- 10. Juni: Robert Thill, lëtzebuergesche Germanist.
- 11. Juni: Ornette Coleman, US-amerikaneschen Jazzmuseker.
- 15. Juni: Harry Rowohlt, däitschen Auteur, Iwwersetzer a Schauspiller.
- 16. Juni: Süleyman Demirel, tierkesche Politiker.
- 16. Juni: Jean Vautrin, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 21. Juni: Laura Antonelli, italieenesch Schauspillerin.
- 22. Juni: James Horner, US-amerikanesche Komponist.
- 23. Juni: Helmuth Lohner, éisträichesche Schauspiller.
- 23. Juni: Magali Noël, franséisch Schauspillerin.
- 23. Juni: Charles Waringo, lëtzebuergesche Lokalpolitiker an Auteur.
- 23. Juni: Robert Weimerskirch, lëtzebuergesche Moler.
- 25. Juni: Patrick Macnee, englesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 28. Juni: Dietrich Haugk, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. Juni: Charles Pasqua, franséische Politiker.
- : 1. JuliSergio Sollima, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- : 3. JuliJacques Sernas, franséische Schauspiller.
- : 6. JuliJerry Weintraub, US-amerikanesche Filmproduzent.
- : 7. JuliBako Dagnon, malesch Sängerin.
- : 8. JuliAndré Zirves, lëtzebuergesche Politiker.
- : 9. JuliSaud ibn Faisal, saudesche Politiker.
- 10. Juli: Omar Sharif, egyptesche Schauspiller.
- 11. Juli: Satoru Iwata, japanesche Videospillentwéckler a Firmechef.
- 11. Juli: François Schortgen, lëtzebuergesche Moler.
- 14. Juli: Wolf Gremm, däitsche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 22. Juli: Natasha Parry, englesch Schauspillerin.
- 27. Juli: A. P. J. Abdul Kalam, indesche Wëssenschaftler a Staatspresident.
- : 2. AugustJacques Navadic, franséische Journalist.
- 13. August: Danford B. Greene, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 13. August: Pierre Jansen, franséische Komponist.
- 15. August: Max Greger, däitsche Bigband-Leader.
- 20. August: Egon Bahr, däitsche Politiker.
- 26. August: Raymond Chirat, franséische Filmhistoriker.
- 30. August: Wes Craven, US-amerikanesche Regisseur.
- : 1. SeptemberDean Jones, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 4. SeptemberSylvie Joly, franséisch Schauspillerin.
- 10. September: Franco Interlenghi, italieenesche Schauspiller.
- 16. September: Guy Béart, franséische Sänger a Komponist.
- 19. September: Edouard Molitor, lëtzebuergeschen Diplomat.
- 27. September: John Guillermin, englesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 29. September: Hellmuth Karasek, däitschen Auteur, Journalist, Film- a Literaturkritiker.
- : 5. OktoberChantal Akerman, belsch Filmregisseurin, Dréibuchautorin a Schauspillerin.
- Henning Mankell, schweedeschen Theaterregisseur an Auteur. 5. Oktober:
- : 6. OktoberÁrpád Göncz, ongresche Schrëftsteller a Politiker.
- 10. Oktoberː Hilla Becher, däitsch Fotografin.
- 12. Oktober: Joan Leslie, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Oktober: Danièle Delorme, franséisch Schauspillerin.
- 24. Oktober: Maureen O'Hara, iresch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 31. Oktober: Gregg Palmer, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 1. NovemberGünter Schabowski, DDR-Politiker.
- : 3. NovemberRoger Michel Erasmy, lëtzebuergeschen Auteur.
- : 4. NovemberRené Girard, franséische Kulturanthropolog a Reliounsphilosoph.
- : 5. NovemberHans Mommsen, däitschen Historiker.
- : 6. NovemberFons Kontz, lëtzebuergesche Sänger, Schauspiller, Theaterregisseur an Auteur vun Theaterstécker.
- Horst Keitel, däitsche Schauspiller. 6. November:
- 10. November: André Glucksmann, franséische Philosoph.
- 10. November: Helmut Schmidt, däitsche Politiker.
- 15. November: Dora Doll, franséisch Schauspillerin.
- 15. November: Nicoletta Machiavelli, italieenesch Schauspillerin.
- 15. November: Moira Orfei, italieenesch Zirkusdirektesch a Schauspillerin.
- 18. November: Jonah Lomu, neiséilännesche Rugbyspiller.
- 20. November: Lex Jacoby, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 22. November: Kim Young-sam, südkoreanesche Politiker.
- 24. November: Henri Rodesch, lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Museksprofesser a Politiker.
- : 2. DezemberGabriele Ferzetti, italieenesche Schauspiller.
- : 4. DezemberRobert Loggia, US-amerikanesche Schauspiller.
- 10. Dezember: Denis Héroux, kanadesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 14. Dezember: Luke Haas, lëtzebuergesche Rockmuseker an Auteur.
- 19. Dezember: Kurt Masur, däitschen Dirigent.
- 23. Dezember: Jean-Marie Pelt, franséische Pharmakolog, Biolog, Botaniker, Ökolog, Auteur a Politiker.
- 28. Dezember: Lemmy Kilmister, Sänger a Bassist vu Motörhead.
- 31. Dezember: Natalie Cole, US-amerikanesch Sängerin.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 2015 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Henri und Jean-Paul geben sich das Ja-Wort op wort.lu den 2. Januar 2015 09:19
- ↑ Weltgesondheetsorganisatioun: End of Ebola transmission in Guinea (29. Dezember 2015)
- ↑ De Lännermatch Slowakei-Lëtzebuerg vum 27. Mäerz 2015 op der Websäit eu-football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Tierkei vum 31. Mäerz 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Moldawien vum 9. Juni 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Ukrain-Lëtzebuerg vum 14. Juni 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Mazedonien vum 5. September 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Ukrain-Lëtzebuerg vum 8. September 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Spuenien-Lëtzebuerg vum 9. Oktober 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Slowakei vum 12. Oktober 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Griicheland vum 13. November 2015 op der Websäit EU-Football.info
- ↑ De Lännermatch Lëtzebuerg-Griicheland vum 13. November 2015 op der Websäit EU-Football.info