11. Januar
Ausgesinn
<< | Januar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
Den 11. Januar ass den 11. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 49 v. Chr.: De Julius Cäsar geet iwwer de Floss Rubicone a marschéiert mat senger Arméi op Roum lass.
- 1787: De Wilhelm Herschel entdeckt zwéin Uranusmounden, den Titania an den Oberon.
- 1790: Zu Bréissel gëtt en Uniounsvertrag tëscht de belsche Provënzen ënnerschriwwen a kuerz drop d'Republik vun de vereenegte belsche Staaten proklaméiert, déi awer schonn am Dezember vum selwechte Joer opgeléist gouf.
- 1935: D'Amelia Earhart mécht als éischt Fra en Transatlantik-Fluch, vun Hawaii bis a Kalifornien.
- 1946: Den Enver Hoxha rifft d'Sozialistesch Volleksrepublik Albanien aus, an ernennt sech selwer zum Staatschef.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
A.F. van der Meulen
-
Pierre Mendès France
-
Albert Hofmann
- 1632: Adam Frans van der Meulen, flämesche Moler.
- 1799: Jean Conzemius, lëtzebuergesche Politiker.
- 1803: Jean Fischbach, lëtzebuergesche Bauer a Lokalpolitiker.
- 1799: Jean Conzemius, lëtzebuergesche Politiker.
- 1817: Alexandre Moris, lëtzebuergesche Professer a Geolog.
- 1847: Ormond Stone, US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker.
- 1877: Félix Heuertz, lëtzebuergesche Wëssenschaftler.
- 1904: Alfred Kieffer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1905: Nicolas Remy, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1906: Albert Hofmann, Schwäizer Cheemiker.
- 1907: Pierre Mendès-France, franséische Politiker.
- 1916: Bernard Blier, franséische Schauspiller.
- 1918: Robert C. O'Brien, US-amerikanesche Schrëftsteller a Journalist.
- 1923: Jacqueline Maillan, franséisch Schauspillerin.
- 1923: Ernst Nolte, däitschen Historiker a Philosoph.
- 1929: René Federspiel, lëtzebuergesche Politiker.
- 1930: Rod Taylor, australesche Schauspiller.
- 1931: Armand Bissen, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1932: Fernando Di Leo, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1943: Stan Ivar, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1945: Christine Kaufmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin an Autorin.
- 1951: Albert Genen, lëtzebuergesche Museker an Dirigent.
- 1954: Gast Michels, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 1957: Claude Criquielion, belsche Vëlossportler.
- 1961: Albert Dupontel, franséische Schauspiller, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1971: Mary J. Blige, US-amerikanesch Sängerin.
- 1975: Matteo Renzi, italieenesche Politiker.
- 1983: Adrian Sutil, F1-Pilot.
- 1985: Newton Faulkner, englesche Museker.
- 1996: Betty Hoffmann, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 1997: Pit Leyder, lëtzebuergesche Vëlossportler.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1891: Georges Eugène Haussmann, franséische Prefet, huet d'Ëmbauaarbechten zu Paräis geleet.
- 1902: Bernard Isidore Clasen, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 1917: Jean Meyer, lëtzebuergeschen Apdikter a Cheemiker.
- 1927: Jean-Baptiste Kremer, lëtzebuergesche Jesuitt an Universitéitsprofesser.
- 1929: Elfrida Andrée, schweedesch Organistin a Komponistin.
- 1944: Galeazzo Ciano, italieeneschen Diplomat a Politiker.
- 1966: Alberto Giacometti, Schwäizer Moler a Sculpteur.
- 1972: Bib Wagner, lëtzebuergesche Bobfuerer.
- 1982: Ronald Lewis, walisesche Schauspiller.
- 1987: Pierre-Louis, franséische Schauspiller
- 1996: Pierre May, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Gerechten ënner den Natiounen.
- 2002: Henri Verneuil franséische Filmregisseur.
- 2003: Maurice Pialat, franséische Filmregisseur.
- 2007: Solveig Dommartin, franséisch Schauspillerin.
- 2007: Kéba Mbaye, senegaleesesche Riichter a Sportfonctionnaire.
- 2007: Donald Edward Osterbrock, US-amerikaneschen Astronom.
- 2008: Edmund Hillary, neiséilännesche Biergsteiger.
- 2009: Thierry van Werveke, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 2010: Éric Rohmer, franséischen Auteur, Film- an Theaterregisseur.
- 2010: Miep Gies, hollännesch Resistenzlerin.
- 2014: Arnoldo Foà, italieenesche Schauspiller.
- 2014: Vüqar Həşimov, aserbaidschanesche Schachgroussmeeschter.
- 2014: Ariel Sharon, israeelesche Politiker.
- 2015: Anita Ekberg, schweedesch Schauspillerin.
- 2022: David Sassoli, italieenesche Politiker.
- 2023: Tatjana Patitz, däitsche Model a Filmschauspillerin.
- 2024: Laurence Badie, franséisch Schauspillerin.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 11. Januar – Biller, Videoen oder Audiodateien |