16. Juni
Ausgesinn
<< | Juni | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | |||||
3 | 4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 |
10 | 11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 |
17 | 18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 |
24 | 25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 |
2024 |
De 16. Juni ass den 167. Dag vum Joer (168. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1684: D'franséisch Truppe vum Louis XIV. huelen ënner dem Vauban d'Stad Lëtzebuerg an, nodeem de Prënz vu Chimay kapituléiert huet.
- 1815: Bei der Schluecht bei Ligny, an der Belsch, huet den Napoleon seng lescht Victoire iwwer d'Preisen, 2 Deeg virun der Schluecht vu Waterloo.
- 1935: Déi 1. Etappe vum 1. Tour de Luxembourg vu Lëtzebuerg op Metz gëtt no 128 km vum Emile Masson gewonnen.
- 1972: Am Watergate-Hotel zu Washington gi 5 Abriecher am Walkampfbüro vun der Demokratescher Partei gepëtzt.
- 1976: Zu Soweto a Südafrika gi bei enger Manifestatioun vu Schüler a Studente 566 Kanner a jonk Leit vun der Police an Arméi doutgemaach.
- 1977: De Leonid Breschnew gëtt Staatschef vun der Sowjetunioun.
- 1990: Zu Schengen ënnerschreiwen Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Staaten d'Schengener Konventioun, déi reegelt, wéi d'Schengener Ofkommes ëmzesetze wier, fir datt Persounen a Wuere fräi zirkuléiere kënnen, an d'Baussegrenze verstäerkt géifen.
- 2007: D'Partei Die Linke gëtt an Däitschland gegrënnt.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Geronimo
-
Stan Laurel
-
Simeon Sakskoburggotski
-
Daniel Brühl
-
Sibel Kekilli
- 1829: Geronimo, Häuptling a Schaman vun engem Apachenstamm
- 1878: Eugène Forman, lëtzebuergeschen Affekot an Auteur
- 1870: Jean-Pierre Huberty, lëtzebuergesche Moler
- 1890: Stan Laurel, englesche Komiker a Filmschauspiller (Den Décken an den Dënnen)
- 1890: Michel Ungeheuer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1906: Paolo Stoppa, italieenesche Schauspiller.
- 1909: Nane Germon, franséisch Schauspillerin.
- 1917: Irving Penn, US-amerikanesche Fotograf.
- 1918: Victor Zürn, lëtzebuergeschen Zeecheprofesser.
- 1924: Robert Diligent, franséische Journalist an Televisiouns-Moderateur.
- 1924: Faith Domergue, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1924: Fernand Lorang, lëtzebuergeschen Auteur a Lokalhistoriker.
- 1925: Jean d'Ormesson, franséische Journalist an Auteur.
- 1926: Efraín Ríos Montt, gualtemaltekesche Militär a Staatspresident.
- 1927: Robert Paul Kraft, US-amerikaneschen Astronom.
- 1928: Annie Cordy, belsch Sängerin a Schauspillerin.
- 1928: Ernst Stankovski, éisträichesche Schauspiller.
- 1933: René Kohn, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 1943: Dagmar Lassander, däitsch Schauspillerin.
- 1944: Aly Schroeder, lëtzebuergesche Politiker.
- 1945: Anatoli Nikolajewitsch Perminow, russesche Militärwëssenschaftler.
- 1937: Simeon Sakskoburggotski, bulgaresche Politiker.
- 1952: Giorgos Andrea Papandreou, griichesche Politiker.
- 1957: Clio Goldsmith, franséisch Schauspillerin.
- 1964: Iva Mrázková, tschechesch Molerin.
- 1967: Jürgen Klopp, däitsche Foussballtrainer.
- 1971: Tupac Shakur, US-amerikanesche Rapper.
- 1973: Federica Mogherini, italieenesch Politikerin.
- 1977: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker.
- 1978: Daniel Brühl, däitsche Schauspiller.
- 1980: Sibel Kekilli, däitsch Filmschauspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1607: Jean Bertels, Abbé vun den Abteien Neimënster an Iechternach, éischte Lëtzebuerger Historiker.
- 1722: John Churchill, 1. Herzog vu Marlborough, englesche Feldhär.
- 1845: Friedrich Dumoulin, hollännesch-preiseschen Infanteriegenerol.
- 1866: Pierre Neuens, lëtzebuergesche Gemengesekretär a Politiker.
- 1880: Mère Franziska, lëtzebuergesch Nonn.
- 1884: Michel Jonas, lëtzebuergesche Politiker.
- 1892: Victor Tesch, lëtzebuergesch-belsche Jurist, Industriellen, Journalist a Politiker.
- 1944: Anny Blau, lëtzebuergesch Resistenzlerin.
- 1953: Mathias Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 1958: Imre Nagy, ungaresche Politiker.
- 1977: Wernher von Braun, däitsch-US-amerikanesche Rakéitentechniker.
- 1980: Alex Werné, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1983: Jean Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1989: Antonio Román, spuenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 2001: Janine Crispin, franséisch Schauspillerin.
- 2008: Wera Frydtberg, däitsch Schauspillerin.
- 2010: Ronald Neame, brittesche Kameramann a Regisseur.
- 2012: Naif ibn Abd al-Aziz, saudi-arabesche Politiker a Krounprënz.
- 2013: Hans Hass, éisträichesche Biolog an Dauchpionéier.
- 2013: Will Hoffmann, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 2015: Süleyman Demirel, tierkesche Politiker.
- 2015: Jean Vautrin, franséischen Auteur a Filmregisseur.
- 2017: John G. Avildsen, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 2017: Helmut Kohl, däitsche Politiker.
- 2019: Rolf von Sydow, däitsche Filmregisseur.
- 2021: Paul Leesch, lëtzebuergesche Geschäftsmann.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 16. Juni – Biller, Videoen oder Audiodateien |